Top Menu

Alternativ Wunnen – RTL reportage

Manon Della Siega, Eric Weirich et Claude Ballini ont été invités pour présenter le projet de Adhoc lors de l’émission KLOERTEXT du 12 juin 2016 à la chaine de télévision luxembourgeoise RTL.

Thema: Wunnen zu Luxusbuerg!

Et ass a bleift ee vun de gréisste Problemer zu Lëtzebuerg: bezuelbare Wunnraum ze fannen!
Wa wunnen e Mënscherecht ass, dann e fatzeg deiert zu Lëtzebuerg! Egal wéi eng Mesuren a Pacten decidéiert goufen, d’Präisser klamme zanter Jorzéngten riicht virun! Eng Fatalitéit sou laang d’Demande sou grouss ass oder bréicht et nei Weeër, Iddien, Prozeduren a méi politesche Courage?
Lëtzebuerg en oppent dynamescht Land matten an Europa, wou et sech gutt liewe léisst. Esou verkafe mir ons gär no baussen an attraktiv si mir: den Aarbechtsmarché boomt d’Frontalieren rullen zu iwwer 160.000 eran a raus. Just wien an dësem Land wëll wunnen, deen deet gutt drun zu deenen ze gehéieren, déi apaart op der Finanzplaz beléift sinn: Leit, déi Suen ze vill hunn a plazéiere mussen.

Et ass a bleift ee vun de gréissten Problemer zanter Jorzéngten: et feelt u bezuelbarem Wunnraum zu Lëtzebuerg! Apaart d’Präisser fir Terraine si regelrecht explodéiert an all d’Mesuren déi di verschidde Regierunge geholl hunn, schéngen nëmmen deels ze gräifen!

Wourunner läit dat, wéi vill Afloss huet d’Politik um fräie Marché, wéi vill Courage gëtt gebraucht fir méi radikal Moossnamen? Wat ass d’Roll vun de Gemengen, wat déi vu private Promoteuren? Wéi kann ee méi séier, bëlleg, anescht bauen? Gëtt et ganz alternativ Pisten a wéi deenen hëllefen, déi um fräie Marché guer näischt fannen?

Pour visualiser toute l’émission veuillez cliquer ici