Top Menu

Eng Alternativ fir präiswäerte Logement?

annuaire_big_3215

D’Wunnengsbaugenossenschaft “Ad-Hoc” huet elo e Businessplang stoe fir e Wunnprojet op d’Been ze stellen. En Terrain ass um Kierchbierg lokaliséiert. Bis zur Ëmsetzung kann et awer nach daueren.

“De Quadratmeterpräiss zu Lëtzebuerg ass esou deier, datt just cooperativt Wunne fir mech eng Méiglechkeet ass”, seet de Victor Kraus vun Ad-Hoc am 100,7-Interview. De Museker wëll net wäit ewech plënnere vu senger Aarbecht. “Ech striewe mech dogéint, well ech net agesi firwat ech esou vill doudeg Zäit mat Pendlerei soll verbréngen. An aus dem Land wëll ech mech och net geheie loossen”.

Zwee Joer huet et gedauert, bis d’Wunnengsbaugenossenschaft de Businessplang stoen hat, fir hiren accessibelen a partizipative Wunnprojet. Ad-Hoc huet och en Terrain fonnt, deen dem Urbanisatiouns-Fong fir de Kierchbierg gehéiert an deen d’Genosseschaft laangfristeg ka lounen, dat iwwer ee “Bail amphythéotique“. Wunnenge fir 50 Persoune si geplangt. Gebraucht ginn nach 7,5 Milliounen Euro.

Kee “Clé en main”

De Projet um Kierchbierg ass nach net prett fir ëmgesat ze ginn. D’Halschent vun den Interesséierte vum Ufank wär ofgesprongen an duerch nei Leit ersat ginn. Dat wär normal bei esou Projeten, seet de Victor Kraus. De Problem wier, datt vill Leit als éischt net verstinn, datt ee kee fäerdegt Produkt geliwwert kritt. Et misst ee beim Prozess mat maachen. A réischt wann ee relativ stabile Grupp vu Leit sech fonnt huet, kann de Projet ëmgesat ginn.

Aus der Erfahrung mat ähnleche Projeten am Ausland weess een, datt et bis zu siwe Joer dauert, vum Plange bis zum Aplënneren. D’Wunnengsbaugenossenschaft huet e gemëschte Finanzéierungplang iwwert Eegenparticipatioun duerch Parten, Kredit, sozial engagéiert Fongen a privat Investisseuren.

D’Mick Entringer am Gespréich mam Victor Kraus.